NEW Educateurs diplômés – Centre Movida (Petit Groupe Mertzig) (m/w/d)
Description arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Dann bass du bei eis genau richteg.
Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss, Educateurs diplômés (m/w) fir eng 30-40Stonnen/ Woch CDI fir eisen neie „Petit Groupe“ zu Mäerzeg.
Responsabilitéiten:
Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer mat spezifesche Besoinen, 7 Deeg an der Woch, 24 Stonnen den Dag, ze begleeden inklusiv Nuetsschichten, Weekender an op Feierdeeg
Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld vun de Jugendlechen
Vermettelen vu formalen an non-formalen Inhalter
Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen
Obligatoresch Ufuerderungen:
Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen
Du bass verantwortungsbewosst, op fir Neies an kanns souwuel autonom wéi och an der Ekipp schaffen.
Du hues d'Fähegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen
Wënschenswäert Ufuerderungen
Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapädagogik, Deeskalatioun Erlebnispädagogik an Konschtpedagogik si vu Virdeel
Mir bidden dir:
Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn
Eng Ënnerstëtzung duerch e motivéiert Team
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten,
E multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
Mir freeën eis dech geschwënn kennen ze léieren.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Langues German French Luxembourgish; Letzeburgesch Education Diplôme d'éducateur (14e)
We regret to inform you that this job opportunity is no longer available