Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur Senior
Beschreiwung
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een
diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch, sicht fir hir Wunnstruktur Senior um Centre Nossbierg - op onbestëmmten Zäit.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Job description:
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden.
Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin , di Erfahrung an Kompetenz huet am Pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet.
Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, wei och bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.
Obligatoresch Ufuerderungen:
D’Kandidate sollen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden :
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploméierten Éducateur (14e)
We regret to inform you that this job opportunity is no longer available