Beschreiwung
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een Aide-Soignant (w/m/x) fir Nuetsschichten um Centre Nossbierg (Haus Senior) - fir 20 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit, fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Job description :
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden.
Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin , di Erfahrung an Kompetenz huet am Beräich vun der Fleeg esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun den Bewunner an hirem individuellen Projet.
Déi 17 Bewunner freeën sech en neien motivéierten Mataarbechter oder Mataarbechterin kennen ze léieren.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden :
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP)