Auxiliaire de vie / Educateur diplômé (m/w/d) - Wunngrupp fir Jugendlecher zu Alzeng - CDI - 75 %
Beschreiwung Är Aufgaben:
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung ;
Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner an Jugendlechen an eisem Wunngrupp ;
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechter/innen ;
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen ;
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Äre Profil:
En unerkannten Diplom als Auxiliaire de vie / Educateur diplomé mat der “autorisation d’exercer”
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Dir sidd disponibel a motivéiert fir variabel Aarbechtszäiten, dat heescht Dag- an Nuetsschichten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen.
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
Dir hutt e Führerschäin B
Mir bidden:
Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an dynameschen Teams
Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Liewenslaf mat Foto
Motivatiounsbréif
Diplom
Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Lycée Ofschloss
We regret to inform you that this job opportunity is no longer available